user avatar
radio 100,7
@100komma7
Luxembourg's public service radio
Luxembourg
Joined October 2012
  • user avatar
    Déi Leit, déi de Weekend Gidder beschiedegt a Leit ageschüchtert hunn, hunn all Legitimitéit am Debat public verluer an déi, déi et ugestëppelt hunn, musse Konsequenzen zéien, mengt de Jean-Claude Franck an engem Kommentar. 100komma7.lu/article/aktual…
  • user avatar
    D'Justizministerin @SamTanson Tanson wäert eng Plainte deposéiere géint de Jean-Marie Jacoby, eent vun de Gesiichter vum Protest géint d'Corona-Politik vun der Regierung.
  • user avatar
    Den CSV-Deputéierte Laurent Mosar huet als eisen Invité vum Dag probéiert d'Lienen ze vertuschen tëschent enger Firma, an där hien an der Vergaangenheet Administrateur war, a Sandstone - der Firma vum Frank Schneider, deen un d'USA soll ausgeliwwert ginn. 100komma7.lu/article/aktual…
  • user avatar
    De Lëtzebuerger Hydro-Meteorolog Jeff Da Costa huet kuerz no den Iwwerschwemmungen d'lescht Joer seng Aarbecht hei am Land verluer. Him gouf eegenen Aussoen no matgedeelt, et hätt Drock aus politesche Kreesser ginn. 100komma7.lu/article/aktual…
  • user avatar
    Am éischten Deel vum neien 100,7-Podcast iwwer de Lëtzebuerger Schoulsystem geet et ëm d'Fro: Firwat scheitere vill Kanner scho sou fréi an hirem Schoulparcours? 100komma7.lu/article/aktual…
  • user avatar
    Mat Intressi fir Geschicht huet d'Gedauschs vum ADR ronderëm d'Monument um Nikloseck an de "Klëppelkrich" näischt ze dinn. Dat ass en Detournement vun der Geschicht zu politesche Propagandazwecker, seet den Historiker @denis_scuto 100komma7.lu/article/aktual…
  • user avatar
    D'Lydie Polfer seet, si wier "e bësse schockéiert, datt en ëffentlech-rechtleche Sender Onwourechten an d'Welt setzt". Dat ass net an der Rei, mengt de @Jcfranck an engem Kommentar. 100komma7.lu/article/aktual…
  • user avatar
    De President vum Ieweschte Geriichtshaff hëlt de Parquet a Schutz: Et wier “ganz schlëmm”, datt de Parquet am Moment vu verschiddene Politiker virgeheit kritt, e géif an der Diskussioun ronderëm d’Heescheverbuet eng politesch Positioun anhuelen. 100komma7.lu/news/Versteiss…
  • user avatar
    "Et ass wierklech maximal onglécklech" datt eng allgemeng Impfflicht net elo schonn hei am Land agefouert gëtt, esou den Dokter Gérard Schockmel am 100,7-Interview. Hie kritiséiert ze wéineg politesche Courage vun der Regierung.
  • user avatar
    Fräie Mikro: Den ADR bedreift wéi aner europäesch rietspopulistesch Parteie systematesch Geschichtsfälschung fir seng auslännerfeindlech Iddien ze verbreeden, fënnt den Historiker Denis Scuto.
  • user avatar
    Mat Populismus an Aussoen, un der Limitt vun de Fake News, versichen och an der CSV verschidde Politiker Stëmme sichen ze goen. Eng Strategie, déi riskéiert no hanne lasszegoen, mengt d'@MicheleSinner.
  • user avatar
    Déi nei CSV vum neie Luc huet hire Regierungsstart no zéng Joer an der Oppositioun nawell ferm an de Sand gesat, mengt de @Jcfranck an engem Kommentar. 100komma7.lu/news/D-3062555…
  • user avatar
    De Verwaltungsrot vum ëffentlech-rechtleche Radio annoncéiert d'Nominatioun vum Jean-Lou @jlsiweck als Direkter vum radio 100,7.
  • user avatar
    Anescht wéi bis elo ugeholl, huet déi deemoleg Vizepresidentin vun ADR International net just déi franséisch rietsextrem Civitas op eng Konferenz invitéiert, mee d’Anne-Marie Yim huet selwer op där Konferenz antisemitesch Verschwörungstheorië verbreet.