Haaptsäit
Wëllkomm op der Wikipedia op Lëtzebuergesch!
Am Moment gëtt et 66.428 Artikelen an 133 aktiv Benotzer, an all Mount kommen Dosenden nei Artikelen derbäi.
Jidderee kann hei matmaachen – och Dir!
Aktuell WikiProjeten: Kënschtlerbiographien, Leit op Stroosseschëlter
Wousst Dir schonn, datt…
- … een uganks 1913 d'Nimm vun de Besëtzer vun alle 430 deemools zu Lëtzebuerg ugemellte Gefierer an deenen hire Plackennummeren an der Zeitunng noliese konnt?
- … den Tevita Momoedonu aus Fidschi alt the Five Minute Prime Minister genannt gëtt, well en 2000 zweemol (wärend e puer Minutten) an 2001 (wärend zwéin Deeg) Premierminister war?
- … d'Kar keng klassesch Fruuchtzort ass, déi et schonn an der Antiquitéit gouf, mä villméi eréischt virun 2000 bis 3000 Joer als „Onkraut“ an de Weessefelder vu Klengasien opkoum, wou et da mat rekoltéiert gouf?
- … op de Fënstere vun der Kierch Zowaasch verschidde Memberen aus der Grofefamill Saintignon an aner Stëfter vun der Kierch als Helleger duergestallt sinn?
- … den Alphonse de la Fontaine (1825-1896), e Brudder vum Edmond de la Fontaine (Dicks), Auteur vun der éischter Fauna vun de Wierbeldéieren vu Lëtzebuerg war?
Artikel vun der Woch
Mesopotamien (gr. fir "tëscht de Flëss"), och Zweestroumland, bezeechent geographesch d'Gebitt ronderëm d'Flëss Euphrat an Tigris a Südost-Anatolien (Tierkei), Syrien an am Irak. Dat fruchtbart Land gëtt och dacks Wéi vun der Zivilisatioun genannt. E politesche Staat Mesopotamien huet et awer ni ginn, den Numm gouf aus Kamouditéit vu griichesche Geographen erfonnt, fir dës Regioun ze benennen.
Am Norde fänkt d'Landschaft mat den Taurusbierger un a geet bis op de Persesche Golf. Am Oste grenzen d'Bierger vum Iran an am Westen d'arabesch Wüst an den Héichplateau vu Syrien u Mesopotamien.
De Groussdeel vun der bekannter Geschicht vu Mesopotamien ass duerch d'Awanderunge vu verschiddene Vëlker markéiert. Meeschtens ass d'Regioun a vill Stadstaaten zerfall, et gouf awer och Phasen, déi vu Groussräicher dominéiert goufen, an an deenen d'Nopeschregiounen Eruewerungsfeldzich gefouert hunn... > méi
Op engem 15. Januar
- 1342: Gebuert vum Philippe de Kéngen, Herzog vun der Bourgogne.
- 1622: De franséischen Theaterschrëftsteller Molière kënnt op d'Welt.
- 1902: De Saud ibn Abd al-Aziz, Kinnek vu Saudi-Arabien, gëtt gebuer.
- 1918: D'russesch Rout Arméi gëtt gegrënnt.
- 1919: D'Charlotte gëtt Groussherzogin vu Lëtzebuerg.

Martin Luther King - 1919: Déi däitsch Politiker Karl Liebknecht a Rosa Luxemburg ginn ermuert.
- 1929: Gebuert vum lëtzebuergesche Schauspiller a Sänger Aly Bintz a vum US-amerikanesche Kämpfer fir Biergerrechter a Friddensnobelpräisdréier Martin Luther King.
- 2001: D'Wikipedia an englescher Sprooch gëtt gegrënnt.
Kierzlech Verstuerwen

- 11. Januar: Catherine Samie, franséisch Schauspillerin
- 10. Januar: Erich von Däniken, Schwäizer Auteur.
- 6. Januar: Robert Goebbels, lëtzebuergesche Politiker.
- 30. Dezember: Leo Folschette, lëtzebuergesche Schauspiller an Televisiounsproduzent.
Aner Wikimediaprojeten
Meta-Wiki– Koordinatioun
Commons– Medien
Wiktionnaire – Dictionnaire
Wikibooks – Léierbicher
Wikiquote – Zitater
Wikiversity – Léierplattform
Wikisource – Quellen
Wikinews – Noriichten
Wikidata – Wëssensdatebank
Wikivoyage – Reesguiden
MediaWiki – MediaWiki-Software
Wikispecies – Datebank fir Liewewiesen
Wikifunctions – Funktiounsbibliothéik
