Zanter méi ewéi engem hallwe Joerhonnert erméiglecht de Jugendzenter zu Huelmes vum Service national de la jeunesse Kanner a Jugendlecher d’Natur mat alle Sënner ze erliewen, ze verstoen an ze schätzen.
D’Equipe „Natur erliewen“ bitt eng Villfalt un Aktivitéiten an der Natur fir Kanner- a Jugendgruppen un, souwéi Weiderbildungen am Beräich vun der Natur- an Ëmweltdidakt.
D’Leitmotiv vun den Aktivitéiten ass dat gemeinsaamt Erliewen, Begräifen a Maachen an der Natur. D’Erliewe fënnt a verschiddenen Naturräim statt, beispillsweis am Bësch „Laaschtert“, bei der Maandelbaach bei de Weieren oder am Mariendall um Bauerenhaff.
Mir wëllen d’Geleeënheet notzen, fir Iech eis Aarbecht méi no ze bréngen an hunn e villfältege Programm fir Grouss a Kleng opgestallt
Loosst Iech vun der Schéinheet vun der Natur inspiréieren an erlieft zesumme mat eis, wat d’Natur alles ze bidden huet!

NaTOURerliefnisdag 2026
Sonndes den 14. Juni 2026 fënnt zu Huelmes déi 3. Editioun vum NaTOURerliefnisdag statt!
Freed iech op e gutt gefëllte Programm mat flotte Workshops a Statioune ronderëm Huelmes. Ënnert anerem erwaarden iech: am Weier dëmpelen, Waasserrad bauen, Seel bannen oder Feier maachen.
Egal ob Grouss oder Kleng – hei gëtt et vill ze erliewen!